CGFP: 56. Conférence des Comités
CGFP: 56. Conférence des Comités
2022/12/20
Fir d’CGFP wier dës Kéier eng weider Nullronn bei de Gehälterverhandlungen an der Fonction publique inacceptabel gewiescht, huet de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger op der Conférence des Comités kloergestallt. Aner Haaptsujeten a senger Ried waren d’Ofschafe vum Bewäertungssystem an déi rezent Attacken op d’liberté syndicale.