Skip to main content

Impfflicht: “Näischt iwwert de Knéi briechen”

Impfflicht: “Näischt iwwert de Knéi briechen”

2022/01/13

De CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger war dësen Donneschdeg um Radio Invité vun der RTL-Redaktioun. Nieft dem Aféiere vum obligatoreschen 3G op der Aarbechtsplaz goung et och ëm eng méiglech Impfflicht zu Lëtzebuerg. An deem Kontext huet de Steve Heiliger betount, datt „näischt iwwert de Knéi“ dierft gebrach ginn. Bei dësem ganz komplexen Dossier bléiwen nach ganz vill Froen ze klären. Eng Impfflicht géif sécherlech Fräiheeten aschränken an dofir wier eng breet Diskussioun néideg. De Prinzip vun der Impfflicht an d’Ëmsetzung dovunner wieren zweeërlee.

Wann d’Regierung d’Impfflicht an d’Diskussioun bréngt, da misst se och e kloert Konzept iwwert d’Ëmsetzung liwweren, sot de CGFP-Generalsekretär. An den Aen vun der CGFP dierft esou eng Impfflicht op kee Fall a Kontradiktioun stoen mam Accord vum 3G op der Aarbecht, deen d’Sozialpartner mat der Regierung getraff hunn: Eng eventuell Impfflicht dierft weder zu engem Aarbechtsplazverloscht nach zu disziplinaresche Moossnamen féieren.

Beim 3G an der Beruffswelt wier nach ëmmer net gekläert, wéi z.B. Leit, déi op Schichte schaffen a sech wëllen teste loossen, Méindes Moies en zertifiéierte Schnelltest kéinten maachen, esou nach de Steve Heiliger. Vun der Regierung géif ee sech eng Äntwert dozou erwaarden. Ënnert dësem Link kënnt Dir den Interview a senger voller Längt nokucken: https://play.rtl.lu/shows/lb/invite-vun-der-redaktioun/episodes/n/1846094

  • AEE
    Association des employé(e)s de l'Etat a.s.b.l.
    Affiliée à la Confédération Générale de la Fonction Publique CGFP
  • Contact
    En cas de question n'hésitez pas à nous contacter.
    E-Mail : info@aeeasbl.lu
    Siège social : 66, A Millesch  |  L-6919 Roodt-Syre

© AEE A.S.B.L.