Nei Réglementatioun fir den Homeoffice an der Fonction publique
Nei Réglementatioun fir den Homeoffice an der Fonction publique
2022/10/10
D’CGFP an d’Regierung hu sech op eng nei Réglementatioun fir den Homeoffice an der Fonction publique gëeenegt. Den Télétravail bleift fräiwëlleg a limitéiert sech net just op een domicile. An de Verwaltungen muss mat der Représentation du personnel bannent 6 Méint definéiert ginn, wat fir eng Posten éligibel sinn. Den Droit à la déconnexion gëtt verankert. Fir Leit am Homeoffice gëllen déi selwecht Rechter a Flichten wéi fir Mataarbechter, déi um Büro sinn.